Jugendbericht 2019

Jugendbericht 2019

Als éischt soen ech menger ganzer Équipe, dem Laurie, Diane, Jean-Paul, Jean-Luc, David Dias, Jo, Mike, Tim, Steve an Marc, e groussen MERCI vir hir Hëllef am ganzen Joer bei de Jugendpompjeeën.

E Merci geet och un all Pompjeeën, Komiteeën aus dem CIS fir hir Hëllef mat de Kanner a Jugendlechen. Den Merci geet och un meng 4 Männer doheem, déi mech bei dëser Aarbecht als Jugendleeder ënnerstëtzen.

Och en groussen MERCI un Gemeng Miersch an hir Aarbechter vir hir Ënnerstëtzung an Hëllef wou mir se brauchen.

Elo den Réckbléck vum Joer 2019 :

Am Januar 2019 hunn mir Joer mat 25 Jugendlecher ugefaang an hunn et mat 32 Persounen ofgeschloss.

Mir sinn 80mol fir Übungen an lokal Aktivitéiten wei Buergbrennen, grouss Botz an der Natur, Éischt Kommunioun, 1. Meefeier, Nationalfeierdag, an Nikloos-Cortège, beieneen komm, wat 803 Präsenzen vu Jugendpompjeeën an 161 Präsenzen vun de Betreier am Joer ausmécht.

  • 4 Jugendlecher hunn den 1. Hëllef-Kur gemaach
  • 7 Jugendlecher woren bei den Pompjeesdokter
  • 2 Jugendlecher waren bei der Nei-Bierger-Feier

Niewent all dësen Aktivitéiten hunn nach 9 Persounen en Wëssenstest gemaach. Fir dëse Wëssenstest hunn 2 Jugendleeder 16mol mat de Jugendlechen geléiert.

2019 wor et un ons Mierscher Jungendpompjeeën den traditionellen Péngscht-Camp ze organiséieren.

Dëst ass en besonnesche Camp (Zeltlager ), den ofwiesselnd mat onsen däitschen Frënn aus Porz /Langel, Zündorf , Ensen /Westhoven, (aus dem Raum Köln) an Rethen/Leine (bei Hannover) an eise Jugendpompjeeën aus gefeiert gëtt.

Hei verbréngen ca. 80 Jugendpompjeeën zesumme mat hiren Betreier en flotte Päischt-Weekend mat vill Spiller, Ausflich, engem Rallye an vill Freed an Spaass.

Fir des grouss Aktivitéit hu mir vill Leit gebraucht fir déi sëllechen Organisatiounen , Virbereedungen an de reibungslos Oflaf vum Camp: dofir en risegen groussen MERCI un all des Leit, sief et aktiv Pompjeeën, Elteren ,Gemengenaarbechter, Pompjeesfrënn, asw., well ouni des Hëllefen kënnt esou e Frëndschaftscamp net stattfannen.

Eng Woch nom Camp war de Nationalen Pompjeescross am Park zu Miersch. Do sinn Erwuessener, mee och eiser Jugendpompjeeën matgelaf.

Des Weideren hunn 18 Jugendpompjeeën bei engem Völkerballturnéier zu Kielen matgemaach, wou mir déi 2. Platz gemeet hunn.

Niewend den normalen Aktivitéiten sinn d’Jugendleeder 50 mol zesumme komm fir Versammlungen, dovun eleng 25 mol fir de Camp ze preparéieren an hëllefen op- an of ze bauen.

06_Jugendbericht 2019